De Frigo ass déi richteg Plaz, fir frësch Liewensmëttel ze versuergen

Setzt d’Temperatur vun Ärem Frigo op maximal 5 °C – bei méi héijen Temperature kënnen sech schiedlech Bakterien entwéckelen. Haalt d’Iessensreschter am Frigo an duerchsiichtege Schosselen oder Dëppercher.

Setzt se sou, datt Dir se net vergiesst a bannent dräi Deeg iesst. Benotzt fir verdierflech Liewensmëttel wéi Friichten a Geméis de Prinzip: als éischt eran – als éischt eraus. Méi al Produkter kommen no vir, a wat nei am Frigo ass, gëtt no hanne gestallt.

Frigoen hu verschidden Temperaturzonen. Fir bestëmmte Liewensmëttel ginn et besonnesch gutt Plaze wéi beispillsweis d’Geméisfach ënnen am Frigo.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen.

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.