The Brips - The Bread's Revenge

The Brips, Chipsen aus Broutreschter

The BRIPS ass eng Mini-Entreprise déi am Kader vum Programm ‘Les Mini-entreprises 2018-2019’vu 6 Schüler aus dem ‘Lycée Technique de Bonnevoie’ an d’Liewe geruff ginn ass. D’Zil ass et de Leit e Snack ze proposéieren deen net nëmme gutt schmaacht, mee och gutt fir d’Ëmwelt ass.

Hannert dem Konzept vum Projet steet d’Iddi d’Liewensmëttelverschwendung ze reduzéieren an deem s Brout, wat net giess ginn ass, weider verwäert gëtt. Also Brout wat soss ewechgehäit géing ginn, gëtt als Basis fir en neie Produit benotzt, an zwar Brout-Chips. Ganz nom Prinzip vun der Kreeslafwirtschaft. D’Verpackunge vun de Brout-Chips si biodegradabel.
Déi krupseg Brout-Chips ginn et an dräi Geschmaachsvarianten: Pizzator, Firi Firi an Olicrunch.

The Brips - Varianten

D’Initiativ erméiglecht alem Brout, wat ewechgehäit soll ginn, en zweet Liewen. Duerch de Produktiounsprozess vun dëse Brout-Chips bleift d’Brout och vill méi laang genéissbar, de Fällegkeetsdatum gëtt sou ze soe verlängert.
The Brips - Produktioun
D’Mini Entreprise ‘The Brips’ huet zu Barcelona, am Concours ‘YouthStart European Entrepreneurship Competition’, dee vum 21 bis den 23 November 2019 statt fonnt huet ee Präis gewonnen.
De Projet gëtt ënner anerem vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung gestäipt an en Deel vum Ëmsaz gëtt un d’Croix Rouge gespent.
The Brips mam Landwirtschaftsminister
jonk-entrepreneuren.lu facebook.com/Thebrips/instagram.com/the_brips/
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram