Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne géint d’Liewensmëttelverschwendung

Weltwäit gëtt 1/3 vun alle Liewensmëttel déi produzéiert ginn, ewechgeheit. Déi Iesswueren, déi zu Lëtzebuerg an den Haushalter, de Grousskichen, der Gastronomie an am Handel eweggeheit ginn, maache pro Joer 118 kg pro Awunner aus. 

Déi gréisste Verbëtzer sinn d’Privatleit: Zu Lëtzebuerg ginn an der Moyenne an engem Stot 88,5 kg Liewensmëttel pro Kapp a pro Joer an d’Dreckskëscht geheit. 21 % dovu kéinten évitéiert ginn, dat mécht pro Awunner 75,5 € aus.

Dofir sensibiliséiert de Landwirtschaftsministère, nieft villen aneren Acteuren, jidderee fir méi responsabel ze konsuméieren. De Welthongerdag am Joer 2016 wor de Kick-Off Dag fir déi national Medien- a Sensibiliséierungscampagne géint d’Verschwende vu Liewensmëttel, déi ëmmer nach leeft. Detailer iwwert all d’Initiativen, Projeten an Evenementer déi vum Ministère organiséiert gi fannt Dir op dësem Site.

+
Campagne - Gëlle Reegelen

Zil ass et, de Konsumenten mat den aacht gëlle Reegelen praktesch Rotschléi ze ginn, fir direkt a mat ganz einfache Moossnamen eppes géint d‘Verschwende vu Iesswueren ze ënnerhuelen.

Dës Campagne leet grousse Wäert drop, iwwert d’Haltbarkeet vu Liewensmëttel ze informéieren. De Mindesthaltbarkeetsdatum (MHD) ass deen Datum, bis zu dem de Produit ouni Geschmaachs- oder Qualitéitsverloscht versuergt ka ginn. Ass deen Datum iwwerschratt, da kënnen d’Verbraucher d’Genéissbarkeet vun dem Liewensmëttel mat Hëllef vun hire Sënner (kucken, richen, schmaachen) iwwerpréiwen amplaz et direkt an den Drecksbak ze geheien.

Image FAQ
+
Campagne - 118 Grënn eppes ze änneren

Hei zu Lëtzebuerg ginn 118 kg Liewensmëttel am Joer op de Kapp verbëtzt. Dat sinn 118 Grënn eppes ze änneren. Dat ass de Slogan vun eiser Campagne „Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung“. Op dës Aart a Weis wëlle mir d’Leit interpelléieren fir d’Liewensmëttel nees méi wäertzeschätzen, fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen.

Campagne - 118 Grënn eppes ze änneren
Image FAQ
+
Broschür - 8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Dës Broschür gëtt praktesch Tuyauen wéi ee manner Liewensmëttel ka verschwenden: dat geet beim Akafen un, iwwert d’Araumen vum Frigo bis hin zum Verwäerte vun de Reschter. Et fënnt een awer och wichteg Rotschléi dran z. B. fir déi ënnerschiddlech Datumen op de Verpackungen besser ausernee ze halen.

Broschür 8 gëlle Reegelen
+
Broschür - D’Gemengen als Multiplicateur
Am Ganzen hu schonn 92 vun 102 Gemengen den nationale Solidaritéitspakt ënnerschriwwen a sech engagéiert, Aktioune géint d’Liewensmëttelverschwendung an d’Weeër ze leeden. Dës Broschür soll d’Gemenge inspiréieren, flott Initiativen ëmzesetzen.
Broschür - D’Gemengen als Multiplicateur
Image FAQ
+
Antigaspi Wanderausstellung

All Gemeng déi sech dem Solidaritéitspakt ugeschloss huet, kritt d’Wanderausstellung Antigaspi vum Landwirtschaftsministère gratis geléint, geliwwert an opgeriicht. D’Wanderausstellung riicht sech haaptsächlech u Grondschoulschüler vum 3. a 4. Cycle a mécht d’Kanner an d’Léierpersonal op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis op de Problem opmierksam.

Antigaspi-Ausstellung
Image FAQ
+
Antigaspi Ausbildung

De Lycée technique hôtelier Alexis Heck, de Lycée technique de Bonnevoie an de Lycée technique agricole sinn dem nationale Solidaritéitspakt géint Liewensmëttelverschwendung bäigetrueden an thematiséieren d’Problematik queesch duerch hier Fächer. Hei ginn déi Professionell vu muer ausgebilt.

Image FAQ