Sensibiliséierung

Informatiouns- a Sensibiliséierungscampagne géint d'Liewensmëttelverschwendung

Weltwäit gëtt 1/3 vun alle Liewensmëttel déi produzéiert ginn, ewechgeheit. Déi gréisste Verbëtzer sinn d’Privatleit. Zu Lëtzebuerg verbëtzt e Privatstot an der Moyenne 124 kg op de Kapp pro Joer, dat sinn 3 gefëllten Drecksween pro Dag! Amplaz Liewensmëttel ewechzegeheien, kënnt och all Eenzelen 250 € d’Joer direkt an d’Poubelle geheien!
Dofir sensibiliséiert de Landwirtschaftsministère, nieft villen aneren Acteuren, jidderee fir méi responsabel ze konsuméieren. De Welthongerdag vum 16. Oktober ass all Joer den Kick-Off Dag fir déi national Medien- a Sensibiliséierungscampagne géint d'Liewensmëttelverschwendung.
Nieft der Mediecampagne am Radio, Televisioun, Print- an Onlinemedien am Hierscht ginn et awer och aner Aktiounen, mat deenen de Ministère dat ganzt Joer iwwer informéiert:

Campagne - 124 Grënn eppes ze änneren

Hei zu Lëtzebuerg ginn 124 kg Liewensmëttel am Joer op de Kapp verbëtzt. Dat sinn 124 Grënn eppes ze änneren.... Dat ass deen neie Slogan vun eiser Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung” Mat deser neier Campagne wëlle mir d’Leit interpelléieren a symboliséieren datt mir eis Liewensmëttel nees méi musse wäertschätze fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen ....Campagne - 124 Grënn eppes ze änneren »
124 Grënn eppes ze änneren

Broschür - Zesummen géint d'Liewensmëttelverschwendung

Dës Broschür gëtt praktesch Tuyauen wéi ee manner Liewensmëttel ka verschwenden: dat geet beim Akafen un, iwwert d’Araumen vum Frigo bis hin zum Verwäerten vun eise Reschter. Et fënnt een awer och wichteg Rotschléi dran z.B. fir déi ënnerschiddlech Datumen op de Verpackungen besser ausernee ze halen.Brochür Antigaspi (DE & FR) »
Broschü Liewensmettelverschwendung

Broschür - Best Practices fir Gemengen

Am Ganzen hu schonn 91 vun 102 Gemengen den nationalen Solidaritéitspakt ënnerschriwwen a sech engagéiert, Aktiounen géint Liewensmëttelverschwendung an d’Weeër ze leeden. Déi nei Broschür “Best Practice” gëtt den Iwwerbléck vun allen Aktiounen am Land a soll d'Gemengen weider inspiréieren flott Initiativen ëmzesetzen.Méi iwwert de Gemengepakt »   
Gemengepakt Kaart

Antigaspi Wanderausstellung a Workshoppen

All Gemeng déi sech dem Solidaritéitspakt ugeschloss huet kritt d’Wanderausstellung Antigaspi vum Landwirtschaftsministère gratis geléint, geliwwert an opgeriicht. D’Wanderausstellung riicht sech haaptsächlech u Grondschoulschüler vum 3. a 4. Cycle a mécht d’Kanner an d'Léierpersonal op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis op de Problem opmierksam. Donieft ass d’Ausstellung awer och op groussen Eventer ze gesinn fir méi e breede Publikum ze erreechen a gëtt oft mat flotte Workshoppen animéiert.Méi iwwert d'Antigaspi Ausstellung »   
Expo Antigaspi

Antigaspi Ausbildung

De Lycée technique hôtelier Alexis Heck, de Lycée technique de Bonnevoie an de Lycée technique agricole sinn dem nationale Solidaritéitspakt géint Liewensmëttelverschwendung bäigetrueden an thematiséieren d'Problematik queesch duerch hier Fächer. Hei ginn déi Professionell vu muer ausgebilt.
Klassensall
Et ass mat klenge Schrëtt wou mer musse probéiere virunzekomme fir eis natierlech Ressourcen ze schounen an déi zukünfteg Generatiounen net weider ze belaaschten.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram