D’Iesswueren op eng logesch Manéier souwuel an d'Schief wéi och an de Frigo araumen

Liewensmëttel déi liicht verdierwe mussen am Frigo gelagert gi fir eng Verbreedung vu Keimen ze verhënneren a sécher ze stellen dass se sech méi laang halen.

De Frigo huet verschidden Temperaturberäicher. Kuckt heizou d’Gebrauchsuweisung vun Ärem Frigo.

Opgepasst : Munch Uebst- a Geméiszorten (wéi z.B. Orangen, Kalbassen, Gromperen a.s.w.) halen sech méi laang wann se net am Frigo gelagert ginn.