Am Frigo

De Frigo ass déi richteg Plaz, fir frësch Liewensmëttel ze versuergen

Setzt d'Temperatur vun Ärem Frigo op maximal 5 °C – bei méi héijen Temperature kënnen sech schiedlech Bakterien entwéckelen. Haalt d'Iessensreschter am Frigo an duerchsiichtege Schosselen oder Dëppercher. 

Setzt se sou, datt Dir se net vergiesst a bannent dräi Deeg iesst. Benotzt fir verdierflech Liewensmëttel wéi Friichten a Geméis de Prinzip: als éischt eran – als éischt eraus. Méi al Produkter kommen no vir, a wat nei am Frigo ass, gëtt no hanne gestallt. 

Frigoen hu verschidden Temperaturzonen. Fir bestëmmte Liewensmëttel ginn et besonnesch gutt Plaze wéi beispillsweis d'Geméisfach ënnen am Frigo.
Rotschléi fir ee méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel.
Tipps fir d'Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.
Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram