Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 5 Eeër
  • ½ TL Salz
  • Esseg
  • 50 g Zocker
  • 1 ganz räif Bier vun 250 g
  • 200 g mëlle Botter
  • 100 g Miel
  • 40 g Speisestärke
  • 1 Päckelche Bakpolver
  • 150 g donkele Schockela

Antigaspi-Tipps:

  • Eng ganz räif Bier huelen, fir de Kuch ze séissen
  • Kleesercher an Ouschterhuesen aus Schockela verschaffen
  • Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Schockela, Zocker, Miel, Speisestärke, Bakpolver (kucken, richen a schmaachen)

Zoubereedung:

Eng ronn Bakform afetten a mat Zocker bestreeën (Zocker karamelliséiert beim Baken, sou datt ee manner Zocker fir den Deeg brauch). Déi 5 Eegiel mat 50 g Zocker opschloen bis se hellgiel sinn, déi 5 Eewäiss mat e puer Drëpsen Esseg an dem Salz fest opklappen (duerch den Esseg an d’Salz fält d’Mass net zesummen).

De Schockela am Bain-Marie schmëlzen. De mëlle Botter opklappen an de geschmoltene Schockela drënnerréieren. D’Miel mat der Speisestärke an dem Bakpolver duerch eng Passett maachen. Déi räif Bier schielen, de Batz eraushuelen a se a kleng Stéckelcher schneiden (d’Bier net mixen, soss gëtt de Kuch mätscheg).

Den Uewen op 150 °C opwiermen. All d’Zutaten virsiichteg mam Schnéibiesem ënnereneenhiewen an an d’Bakform fëllen. Bei 150 °C 1 Stonn baken. Onbedéngt de Stäbchentest maachen. De fäerdege Kuch an der Bakform am ausgemaachten Uewen 30 Minutte roue loossen. Eraushuelen a ganz ofkille loossen.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.