Zutaten:
- gekachte Fësch (Saumon oder wäisse Fësch wéi Cabillaud, Bar oder Dorade)
- Sauerram
- Bratzelen oder Péiterséileg
- Schallott (gehackt)
- Salz a Peffer
- Brout
- Tomates cerises
- grouss Kornischong
- Ënnen
- Basilikum
- Olivenueleg
- Balsamicoesseg
Antigaspi-Tipps:
- Aalt Brout verschaffen
- Reschter vu gekachtem Fësch vum Dag virdrun huelen
Zoubereedung:
Dee gekachte Fësch an eng Schossel zergrimmelen, d’Sauerram, d’Kraider an d’Schallott derbäiginn, dat Ganzt mat Salz a Peffer würzen.
D’Brout a Stécker rappen, an e bëssen Olivenueleg réischteren. D’Geméis a Stécker schneiden a mam Brout, Basilikum, Olivenueleg a Balsamicoesseg mëschen.