Zutaten:
- 150 g Miel
- 75 g kale Botter plus ee Schnatz Botter
- 3 cl kaalt Waasser
- 2 Eeër
- 100 ml Ram
- 100 ml Mëllech
- 300 g Muertegréngs
- 150 g Porretten
- Salz a Peffer
- Muskotnoss
- 250 g Saumon fumé (oder Räuchertofu, oder Geméis)
Antigaspi-Tipps:
- Wann ee Muerte kacht, d’Gréngs wäschen, kleng schneiden an afréieren
- Reschter Geméis verwäerten
- Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Miel, Peffer, Muskotnoss (kucken, richen a schmaachen)
Zoubereedung:
D’Miel, d’Salz an de Botter verreiwen, mat Waasser knieden bis e Mierfdeeg entsteet (alternativ kann och Bliederdeeg benotzt ginn). D’Gréngs vun de Muerte wäschen. Duerno zesumme mat de Porrette schneiden an am Botter undämpen. D’Eeër mat de Gewierzer opklappen a mat der Ram verréieren. De Saumon (oder Tofu, oder d’Geméis) a Wierfele schneiden.
Dann de Mierfdeeg an eng gefett Taarteform verdeelen, mat de Porretten an dem Gréngs vun de Muerte garnéieren an d’Eeërmëschung driwwerschëdden. Am Bakuewe bei 200 °C 25 Minutte laang baken.
Rezept fir 2 Persounen