Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • Pouletsfilet (gekacht oder gebroden)
  • Thon aus der Bécks
  • Mayonnaise
  • Kaperen oder Kornischongen
  • rout oder wäiss Ënnen
  • Brout
  • Mëllech
  • Eeër
  • Kraider

Antigaspi-Tipps:

  • Reschter vu Pouletsfilet verschaffen
  • Aalt Brout huelen
  • Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Kaperen, Kornischongen, wann d’Glas bis dohin zou wor (kucken, richen, schmaachen)

Zoubereedung:

De Pouletsfilet a reng Tranche schneiden. D’Kornischongen an d’Ënnen kleng hacken. Den Thon mat der Mayonnaise mëschen, d’Kaperen, déi gehackte Kornischongen an een Deel vun den Ënnen drënner mëschen an dat Ganzt würzen.

D’Brout an d’Mëllech zappen. Den aneren Deel vun den Ënnen an enger Pan ubroden. Béides mat den Eeër an de Kraider vermëschen an doraus Kniddele formen. D’Kniddelen a gesalztem Waasser kachen.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.