Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 400 g gekacht Nuddelen
  • 1-2 Eeër
  • 100 ml Mëllech
  • 100 ml Ram
  • Salz
  • 75 g Kéis
  • Kraider
  • Tomaten, Paprika, Courgetten, etc.

Antigaspi-Tipps:

  • Reschter Nuddele verwäerten
  • Reschter Geméis huelen
  • Reschter Kéis verschaffen

Zoubereedung:

Eeër mam Salz, der Mëllech, der Ram an de Kraider verréieren. Zwee Drëttel vum Kéis rappen an drënnermëschen. Dës Preparatioun mat de Nuddele vermëschen. D’Hallschent vun där Mass an eng Gratinsform ginn. 3/4 vum Geméis (a Scheiwe geschnidden) dropleeën. Mam Rescht Nuddelen zoudecken, de Rescht Geméis dropleeën an de Rescht Kéis driwwerstreeën. De Gratin am virgehëtzte Bakuewe bei 200 °C wärend ongeféier 50 Minutte baken. E soll schéi goldbrong sinn.

Rezept fir 2 Persounen

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.