Zutaten:
- Courgette, gekachte Choufleur oder Zelleri
- Panéiermiel
- wäisst Miel
- Eeër
- Sonneblummenueleg
- Salz a Peffer
Antigaspi-Tipps:
- Reschter Geméis verschaffen
- Panéiermiel aus alem Brout maachen
Zoubereedung:
D’ Courgette wäschen an a Scheiwe schneiden. De gekachte Choufleur oder Zelleri a Scheiwe schneiden. D’Geméis mat Salz a Peffer wierzen, an d’Miel an duerno an d’Ee zappen a mat Panéiermiel panéieren. De Sonneblummenueleg an enger Pan erhëtzen. Déi panéiert Geméisscheiwen op béide Säite goldgiel ubroden.