Zutaten:
- 750 g zeideg Quetschen
- 750 g zeideg a séiss Mirabellen
- 2-3 EL Korinte fir ze Séissen
- 100 ml Äppeljus
- Kanéil
Antigaspi-Tipps:
- Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Korinten an Äppeljus, wann d’Fläsch bis dohin zou wor (kucken, richen, schmaachen)
Zoubereedung:
D’Quetschen an d’Mirabelle wäschen an d’Kären eraushuelen. Den Äppeljus an een Dëppe schëdden, d’Uebst mat de Korinten an dem Kanéil dramaachen. D’Uebst kachen, bis et mëll ass an dono direkt püréieren.
De Kompott a propper Glieser mat engem Schraufverschloss afëllen a fest zouschrauwen; am Frigo lageren. De Kompott kann ee mat Glace, Jughurt oder aneren Desserten zerwéieren. Et kann een en och op der Schmier iessen oder zu anere Platen zerwéieren. En eegent sech och gutt fir Taarten, Kuchen oder Pâtisserie.