Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 500 g Gromperepüree
  • 1 Ee
  • e bësse Salz a Peffer
  • 100 g Speck oder Ham (a Wierfelen)
  • frësch Kraider (gehackt)
  • 4 Iessläffel Miel
  • e bësse Panéiermiel
  • Botter fir ze broden

Antigaspi-Tipps:

  • Reschter vu gekachte Grompere verschaffen
  • Reschter vu Speck oder Ham verwäerten
  • Panéiermiel aus alem Brout maachen

Zoubereedung:

D’Ee, d’Salz, de Speck oder d’Ham an d’Kraider bei de Gromperepüree ginn a gutt mam Miel mëschen. D’Mass muss kënne geformt ginn. Jee no Fiichtegkeet vum Gromperepüree muss nach e bësse Miel dobäi kommen. Kleng Kichelcher formen an am Panéiermiel dréinen. D’Kichelcher am Botter goldgiel broden.

Rezept fir 2 Persounen

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.