Zutaten:
- 250 g gekachte Räis
- 250 g Gromperepüree oder Grompere-Muertepüree
- 1 klengt Glas Bounen an Tomatenzooss
- gerappte Kéis
- e bësse Britt oder Salzwaasser
- Panéiermiel
Antigaspi-Tipps:
- Reschter vu Räis verschaffen
- Reschter vu Püree huelen
- Reschter vu Kéis verwäerten
- Panéiermiel aus alem Brout maachen
Zoubereedung:
Eng feierfest Schossel mat Ueleg areiwen a Panéiermiel drop streeën. De Räis op de Buedem vun der Schossel verdeelen, dann d’Bounen an der Tomatenzooss an zum Schluss de Grompere-Muerte-Püree driwwer verdeelen. E bësse Britt oder Salzwaasser driwwer schëdden an 20 Minutten am Schäffche baken.
Aus dem Uewen huelen an de Kéis driwwer verdeelen. Dat Ganzt nach eng Kéier fir gutt 10 Minutten an de Schäffchen stellen, bis de Kéis Faarf kritt.
Rezept fir 2 Persounen