Zutaten:
- Geméis wéi Muerten, Brokkoli, Courgetten, Porretten, …
- Ënn
- Geméisbouillon oder Waasser
- Olivenueleg oder Botter
- Sauerram
- Salz a Peffer
Antigaspi-Tipps:
- Reschter vu Geméis verschaffen; déi kënne réi, gekacht oder agefruer sinn.
Zoubereedung:
D’Ënn an d’Geméis an engem Dëppen ubroden, ouni se brong ginn ze loossen. Geméisbouillon oder Waasser derbäi schëdden, wierzen a kache loossen. Wann d’Geméis mëll ass, d’Zopp mixen. Mat Sauerram zerwéieren.