Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

D’Schuele vun:

  • 1 Zelleri
  • 5-6 Muerten
  • 3-4 Ënnen

De Stronk an déi baussecht Blieder vun:

  • 4-5 Porretten
  • verschidde Kabeszorten
  • 1 Choufleur
  • 1-2 Fenchel (je no Goût)
  • Mangold, Spinat, Kolrawen, asw.

Kraider mam Still:

  • 1-2 Liebstöckelstraiss
  • 1/2 Bond Péiterséilech
  • 2 Neelcheskäpp
  • 2 TL Salz
  • 2 Lorberblieder

Antigaspi-Tipps:

  • Iwwert e puer Woche Reschter vu réiem Geméis afréieren
  • D’Britt a Portiounen afréieren

Zoubereedung:

D’Reschter vum Geméis an d’Kraider ënnert fléissendem Waasser gutt wäschen. Fir datt d’Britt eng schéi Faarf kritt, soll ee rout Ënnen huelen. Alles zesummen mat 4-6 l kalem Waasser zum Kache bréngen, 40 Minutte laang lues kache loossen. Dono d’Britt ofkille loossen an duerch eng Passett ëmschëdden.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.