Zutaten:
- gekachte Gromperen
- Ënnen
- Paprika (gewierfelt) oder anert Geméis wéi Courgetten, Spinat, Brokkoli
- Eeër
- gerappte Kéis
- Olivenueleg
- frësch Kraider (Péiterséileg, Bratzelen)
- Salz a Peffer
Antigaspi-Tipps:
- Reschter vu gekachte Grompere verschaffen
- Reschter vu Geméis huelen
- Reschter vu Kéis verwäerten
Zoubereedung:
Déi gekachte Gromperen a Scheiwe schneiden. An enger grousser Pan, déi ee kann an de Schäffche stellen, den Olivenueleg waarm maachen an d’Ënnen op mëttelster Hëtzt undämpen, bis se glaseg sinn. D’Paprika an dat aner Geméis an d’Pan ginn a wärend 5 Minutten ubroden, bis d’Geméis mëll ass. D’Gromperescheiwen an d’Pan ginn, mam Geméis vermëschen a kuerz ubroden.
D’Eeër an enger Schossel mat Salz, Peffer an de Kraider opklappen. De gerappte Kéis derbäiginn. Dës Masse gläichméisseg iwwert d’Gromperen an d’Geméis an der Pan verdeelen. Kuerz ëmréieren an d’Frittata fir 5 bis 7 Minutten bei mëttelster Hëtzt brode loossen, bis se ënnen fest ass. D’Pan dann an de virgehëtzte Schäffchen (180 °C) stellen an d’Frittata 10-15 Minutten baken, bis se ganz duerch ass.