Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 150 g Miel
  • e bësse Salz
  • 75 g kale Botter
  • 3 cl kaalt Waasser
  • 150 g gebrode Gehacktes oder gekachte Fleesch
  • 150 g Geméis (gewierfelt)
  • 1 Ee

Antigaspi-Tipps:

  • Reschter vu gekachtem Fleesch verschaffen
  • Reschter vu gebrodenem Gehacktes huelen
  • Reschter vu Geméis verwäerten
  • Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Miel (kucken, richen a schmaachen)

Zoubereedung:

D’Miel, d’Salz an de Botter verreiwen, mat Waasser knieden bis e Mierfdeeg entsteet (alternativ kann och Bliederdeeg benotzt ginn). D’Geméis mam Fleesch a mam Ee mëschen. E bësse méi wéi d’Hallschent vum Deeg ausrullen. Eng Taarteform mam Deeg ausleeën an de Rand 2 cm héich zéien. D’Fleesch-Geméis-Mëschung drop schëdden, den Deegrand ëmschloen a mat Waasser befiichten. De Rescht vum Deeg op d’Gréisst vun der Taarteform ausrullen an als Deckel drop leeën. E puermol mat enger Forschett an den Deckel picken. Am virgehëtzte Schäffche bei 200 °C ongeféier 30 Minutte baken.

Rezept fir 2 Persounen

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.