Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 6 l Waasser
  • 1 kg Knache mat Fleeschreschter vum Rand, Poulet oder Wëld
  • 1 grousst Stéck Schwaart vu Gereechertem, oder more Speck
  • 2 rout Ënnen mat der Schuel (duerch d’Schuel gëtt d’Britt kloer a kritt eng schéi Faarf)
  • 2 Porrettestaangen
  • 1/2 Zelleriskapp mat der Schuel an dem Gréngs
  • 2-3 Muerte mat der Schuel
  • 1 EL Salz
  • 1 TL Pefferkären
  • 2 Lorberblieder
  • 2 Neelcheskäpp
  • e bësse Rosmarin an Thymian
  • 2 Salbeiblieder
  • 2 Straiss Liebstöckel, Blieder mam Still
  • 2 Knuewelekszéiwe mat der Schuel

Antigaspi-Tipps:

  • D’Geméis gutt wäschen, da brauch een et net ze schielen
  • D’Fleesch vun de Knachen huelen, kleng schneiden an domat z. B. Paschtéitchen oder eng Zopp maachen
  • Den Zelleri an d’Muerten als Zalot zoubereeden
  • Mat der Britt Zoppen an Zoossen zoubereeden
  • D’Britt a Portiounen afréieren

Zoubereedung:

D’Geméis ënnert fléissendem Waasser gutt wäschen, dono graff schneiden. D‘Waasser, d‘Knache mam Fleesch, d‘Schwaart (oder de Speck), d‘Geméis an d‘Gewierzer an engem groussen Dëppen, mam Deckel drop, lues kache loossen, bis d’Fleesch sech vun de Knache léist. Dann alles am Dëppen e bëssen ofkille loossen. Ee fiicht Passéierduch an eng Passett leeën an d’Britt doduerch an een anert Dëppe schëdden.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.