Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • réi Gromperen (mielzeger)
  • Eeër
  • Miel
  • Muskotnoss
  • Salz a Peffer
  • Muerten
  • Choufleur
  • Zelleri
  • wäiss oder rout Ënnen
  • Esseg
  • Moschterkären
  • Korianderkären
  • Knuewelekszéif
  • Zocker
  • Dëll oder Péiterséileg

Antigaspi-Tipps:

  • Iwwert e puer Woche Reschter vu réiem Geméis afréieren
  • Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Gewierzer, Miel (kucken, richen a schmaachen)

Zoubereedung:

D’Geméis a reng Tranche schneiden, de Choufleur a kleng Réisercher. Den Esseg mat Waasser waarm maachen, d’Gewürzer, d’Salz an den Zocker dobäi ginn. Dat ganzt opkache loossen an iwwert d’Geméis schëdden. 2 Deeg laang, am Frigo, marinéiere loossen.

D’Grompere schielen a se graff rappen. Se an eng Schossel maachen mat den Eeër an dem Miel, a mat Salz, Peffer a Muskot wierzen. Alles gutt mëschen. D’Wafeleise waarm maachen a mat Ueleg areiwen. Jeeweils zwee Zoppeläffel Deeg an d’Wafeleise ginn an d’Eisekuchen ongeféier 8 Minutte laang bake loossen.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.