Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 2 saierzeg Äppel
  • 100 g Miel
  • 80 ml Mëllech
  • 1-2 Eeër
  • Ueleg fir ze Frittéieren
  • e bësse Salz
  • 50 g Zocker
  • Kanéil

Antigaspi-Tipps:

  • Getéitschten Äppel huelen, d’Plazen erausschneiden
  • D’Äppel net schielen
  • Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Miel, Zocker, Kanéil (kucken, richen a schmaachen)

Zoubereedung:

D’Äppel gutt wäschen, de Batz eraushuelen a se an déck Scheiwe schneiden. D’Miel mam Zocker a mam Salz an enger Schossel mëschen, d’Mëllech an d’Eeër dobäi ginn an alles zu engem glaten Deeg verréieren. D’Äppelscheiwen an den Deeg zappen an am waarmen Ueleg (an engem groussen Dëppen z. B.) frittéieren. Se eraushuelen an op engem Stéck Kichepabeier ofdrëpse loossen. De Kanéil mat e bëssen Zocker mëschen an d’Äppelscheiwen do eng Kéier dran ëmdréinen.

Rezept fir 2 Persounen

 

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.