Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Zutaten:

  • 500 g Banannen (2-3 Banannen)
  • 300 g brongen Zocker
  • 150 ml Zitrounejus (+/- 2 Zitrounen)
  • Jus vun ½ gepressten Orange
  • ½ Vanillschote

Antigaspi-Tipps:

  • Banannen, wa se brong gi sinn, schielen, a Stécker schneiden an afréieren
  • Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: brongen Zocker (kucken, richen a schmaachen)
  • Bio-Zitrounen ofreiwen an d’Schuel afréieren

Zoubereedung:

Den Zitrounejus, den Orangëjus an di a Rondele geschnidde Banannen an eng Kasserolle maachen, de brongen Zocker dobäi schëdden an alles bei mëttlerer Hëtzt 45 Minutten kachen. Wann een d’Gebeess léiwer reng huet kann een zum Schluss mam Mixer doduerch fueren. A propper Gebeessglieser fëllen an ofkille loossen.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.