Zutaten:
- 4 Tranche Brout oder 4 Bréidercher
- 2 Bieren oder Äppel
- 2 Iessläffel Zocker
- de Jus vun 1 Zitroun
- ½ Pak Vanillzocker
- 250 ml Mëllech
- 2 Eeër
- Botter
- e bësse Salz
- 25 g Korinten oder Cranberries
- 25 g Nëss (déck Nëss oder Pinie Käre)
- évent. Kanéil an/oder Pudderzocker
Antigaspi-Tipps:
- Alt Brout oder haart Bréidercher huelen
- Getéitschten Uebst huelen, d’Plazen erausschneiden
- Kann een ofgelafene Mindesthaltbarkeetsdatum hunn: Zocker, Vanillzocker, Korinten, Cranberries, Nëss, Kanéil (kucken, richen a schmaachen)
- Bio-Zitrounen ofreiwen an d’Schuel afréieren
Zoubereedung:
De Bakuewen op 200 °C virhëtzen. E Schnatz Botter an enger Gratinsform verreiwen. D’Bréidercher an dënn Tranche schneiden, d’Tranche Brout am Bakuewen kuerz uréischteren. D’Bieren oder Äppel schielen an a Spalte schneiden. E bësse Botter an een Iessläffel Zocker an enger Pan erhëtzen. D’Uebst kuerz an der Pan schwenken, mam Zitrounejus ofläschen an ofkille loossen. Mëllech, Eeër, Salz a Vanillzocker mam Rescht Zocker kräfteg opschloen. D’Tranche Brout kuerz an des Eeër-Mëllech zappen an ofwiesselnd mam Uebst an der Oplaf-Schossel schichten. Korinten an Nëss driwwer streeën. Da bei 200 °C fir 20 – 25 Minutte baken. Eraus huelen, bëssen ofkille loossen a mat Pudderzocker an/oder Kanéil bestäuben.
Rezept fir 2 Persounen