Banannegebeess

Banannegebeess, op Basis vu brongen Banannen

Zutaten:

1 kg Banannen (= +/- 5 Banannen), 600 g Cassonade, 300 ml Zitrounejus (= +/- 4 Zitrounen), Jus vun enger gepressten Orange an 1 Vanillschote

Zoubereedung:

Zitrounen-, Orangëjus, di ausgekraazt an di a Rondelen geschnidde Banannen an eng Kasserolle maachen, d‘Cassonade dobäi schëdden an alles bei mëttlerer Hëtzt 45 Minutten kachen.

Wann een d’Gebeess léiwer reng huet kann ee zum Schluss mam Mixer doduerch fueren.

An Gebeessglieser fëllen an ofkillen loossen.

Dat kann een op der Schmier iessen oder nees kuerz opkachen mat engem Schotz Rumm flambéieren an als Dessert bei eng Vanillsglace zerwéieren.
Rotschléi fir ee méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel.
Tipps fir d'Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.
Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram