Arme Ritter mat Äppel oder Bieren

Zutaten:

8 Tranchen alt Brout oder 4 haart Bréidercher,
2-3 Bieren oder Äppel (z.B. Boskop),
4 Iessläffel Zocker,
1 Zitroun,
1 Pak Vanillzocker oder alternativ Vanillpudding,
500 ml Mëllech
3 Eeër
Botter
1 Prise Salz
50g Korinten oder Cranberries
50g Nëss (déck Nëss oder Pinie Käre)
évent. Kanéil an/oder Pudderzocker
Oplaf-Schossel

Zoubereedung:

Den Bakuewen op 200°C vir hëtzen. E Schnatz Botter an der Schossel verreiwen. Bréidercher an dënn Tranche schneiden. D’Tranche Brout am Bakuewen kuerz uréischteren. D’Bieren oder Äppel schielen an a Spalte schneiden. E bësse Botter an 1 Iessläffel Zocker an enger Pan erhëtzen. D’Uebst kuerz an der Pan schwenken, mat Zitrounejus ofläschen an ofkille loossen. Mëllech, Eeër, Salz, Vanillzocker oder Pudding mam Rescht Zocker kräfteg opschloen. D’Tranche Brout kuerz an des Eeër-Mëllech zappen an ofwiesselnd mam Uebst an der Schossel schichten. Korinten an Nëss driwwer streeën. Da bei 200°C fir 20 – 25 Minutten baken. Eraus huelen, bëssen ofkille loossen a mat Pudderzocker an/oder Kanéil bestäuben.

Aliments

Conseils utiles pour entreposer et stocker les aliments.

Recettes

Idées de recettes pour utiliser les restes de façon créative.

8 règles d’or

8 règles d’or pour gaspiller moins d’aliments.