Arme Ritter mat Äppel oder Bieren

Arme Ritter mat Äppel oder Bieren

Zutaten:

  • 8 Tranche alt Brout oder 4 haart Bréidercher,
  • 2-3 Bieren oder Äppel (z.B. Boskop),
  • 4 Iessläffel Zocker,
  • 1 Zitroun,
  • 1 Pak Vanill Zocker oder alternativ Vanill Pudding,
  • 500 ml Mëllech
  • 3 Eeër
  • Botter
  • 1 Prise Salz
  • 50g Korinten oder Cranberries
  • 50g Nëss (déck Nëss oder Pinie Käre)
  • évent. Kanéil an/oder Pudderzocker
  • Oplaf-Schossel

Zoubereedung:

1. Den Bakuewen op 200°C vir hëtzen. Schossel mat Botter
2. Bréidercher an dënn Tranche schneiden. D’ Tranche Brout am Bakuewen kuerz u réischteren.
3. D’ Biren oder Äppel schielen an a Spalte schneiden. E bësse Botter an 1 Iessläffel Zocker an enger Pan erhëtzen. D’ Uebst       kuerz an der Pan schwenken, mat Zitrounejus of läschen an ofkille loossen.
4. Mëllech, Eeër, Salz, Vanill Zocker oder Pudding a mam Rescht Zocker kräfteg opschloen
5. D’ Tranche Brout kuerz an des Eeër Mëllech zappen an ofwiesselnd mam Uebst an der Schossel schichten
6. Korinten an Nëss driwwer streeën
7. Dann bei 200°C fir 20 – 25 Minutten bake.
8. Eraus huelen, a bëssen of kille loossen an mat Pudder Zocker an/oder Kanéil bestäuben.
Rotschléi fir ee méi responsabelen Ëmgang mat Liewensmëttel.
Tipps fir d'Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel.
Rezeptiddie fir Reschter kreativ weider ze verwäerten.
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram