D’Schoul- an Universitéitskantinne vu RESTOPOLIS méi nohalteg
D’Schoul- an Universitéitskantinne vun RESTOPOLIS engagéiere sech, fir hier Kiche méi nohalteg ze geréieren an esou mann wéi méiglech Liewensmëttel ze verschwenden.
Fërdere vu gesondem an nohaltegem Iessen
Restopolis huet sech fest dozou verflicht, eng gesond an ausgeglachen Ernierung vu jonke Mënschen a Jugendlechen ze fërderen an sou mann wéi méiglech Liewensmëttel ze verschwenden.
Manner Ressourcen ze konsuméieren an d’Ëmwelt manner ze verschmotzen.
Eng nohalteg, responsabel an effikass Akafspolitk ze féieren a sou ze verhënneren, datt honnerte vun Tonnen Iesswueren ewechgehäit ginn.
D‘Benotzer vun hire Kantinnen a Restauranten iwwer d'Antigaspi Gesten ze informéieren.
Restopolis ass e wichtege Partner an der Lutte géint d'Liewensmëttelverschwendung. Mat ronn 60 000 Clienten ass den Afloss grouss. Aner Initiative wéi d'Ecobox an d'Privilegéiere vu lokalen a saisonale Produiten gi vu Restopolis och ënnerstëtzt.
Mir benotze Cookies fir iech déi bescht méiglechst Experienz ze erméiglechen. Andeems dir den dëse Site weider gebraucht huele mir un dass dir domadder averstane sidd.AverstanenMéi Informatiounen