04/10/2022

Fir déi privat Bongerten zu Lëtzebuerg an engem gudden Zoustand ze halen, huet den Ëmweltministère 2013 den Aktiounsplang Bongerten ausgeschafft. „Dee gesäit vir, d’Bongerten am Land ze restauréieren a rëm nei unzeplanzen“, erkläert de Mikis Bastian, zoustänneg fir de Beräich Ökologie an der Biologescher Statioun vum Natur- & Geopark Mëllerdall. „Graff gesot geet et drëm, déi bestoend Bongerten ze fleegen, de Mëspel rauszeschneiden, d’Beem a Form ze schneiden. Beem déi futti gaange sinn ze ersetzen, nei Beem ze planzen oder och ganz nei Bongerten unzeleeën.“

All Joer vu Mëtt September bis Mëtt Oktober ass am Natur- & Geopark Mëllerdall de „Mount vum Bongert“. „Mir hunn am Osten immens vill Bongerten a leider ginn der vill dovun net genotzt. Mir sinn der Meenung, dass dee beschte Schutz vun de Bongerten doduerch entsteet, dass se genotzt ginn. Dat war d’Iddi hannert dem ,Mount vum Bongert‘, och well mer festgestallt hunn, dass a ganz ville Bongerten d’Uebst leie bleift, well et sech einfach net lount fir et oprafen oder plécken ze goen“, sou de Mikis Bastian. Hei besteet nach vill Potential fir eng Zesummenaarbecht tëschent dem Natur- & Geopark Mëllerdall an dem Landwirtschaftsministère mat senger Aktioun „Gielt Band“.

Am „Mount vum Bongert“ proposéiert de Natur- & Geopark Mëllerdall verschidden Aktiounen: „Engersäits fir bei bestoende Viz- oder Quetschefester matzemaachen. Fir de regionale Produzenten hëllefen ze goen, Uebst ze rafen. Fir d’Proprietairen ze encouragéieren, hiert Uebst ze notzen, si ob eng Notzung hinzeweisen, déi et scho gëtt, oder eng dofir ze schafen. Fir ze weisen, wéi een ee Bongert an der Rei hält. Eist Zil ass et, dat Uebst wat mer an der Regioun hunn a wat eng gutt Qualitéit huet, och ze notzen.“