D’Membere vu Foodsharing Luxembourg setzen sech dofir an, datt sou mann wéi méiglech Iesswueren an d’Dreckskëscht geheit ginn. Si fuere reegelméisseg bei Supermarchéen a Geschäfter Liewensmëttel sichen, déi vun deene net verkaaft ginn well se entweder der Norm net entspriechen, net gutt ausgesinn oder laanscht de Mindesthaltbarkeetsdatum sinn.
Dës Wuere gi vun de Geschäfter gespent, a Foodsharing Luxembourg verdeelt se gratis op den „Distribution Days“ un all Mënsch, egal a wéi enger finanzieller a sozialer Situatioun en ass. Fir datt beim Asammelen, Stockéieren, Transport a Verdeele vun de Produiten d’Hygiène beuecht gëtt, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung der Asbl Foodsharing Luxembourg eng Formatioun an der Liewensmëttelsécherheet finanzéiert.
49 Memberen hunn un dëser Weiderbildung beim Signa-Groupe deelgeholl, déi online stattfonnt huet. Wat schreift déi europäesch a lëtzebuergesch Reglementatioun vir? Wéi eng Risiken entstinn, wa Liewensmëttel net fachgerecht gelagert ginn? Wéi mussen déi verschidde Produite stockéiert ginn, fir datt se net verdierwen? Dat si just e puer vun de Froen, déi beäntwert goufen.
Dës Formatioun ass besonnesch wichteg fir déi Leit aus der Equippe HACCP (Hazard Analysis Critical Control Points) vu Foodsharing Luxembourg, déi bei den „Distribution Days“ dofir suergen, dass d’Virschrëfte vun der Liewensmëttelsécherheet agehale ginn.