Ëffentlech Evenementer, bei deenen dem Publikum Iesswueren ugebuede ginn, sinn eng ideal Plaz, fir aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung virzegoen. Aus deem Grond huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng „Antigaspi“-Charta fir Fester ausgeschafft an där déi folgend Moossname virgeschloe ginn:
- Déi eenzel Komponenten an engem méiglechst onverschafften Zoustand loossen („just in time“-Zoubereedung).
- Ubidde vu Platen a klengen a grousse Portiounen. De Begrëff „Kannerportioun“ däerf net fir déi kleng Portioune benotzt ginn.
- Wann e komplette Menü zerwéiert gëtt, Ubidde vu mindestens enger Menüversioun ouni Dessert, oder esouguer vun all Plat eenzel.
- Wann d’Iessen um Teller zerwéiert gëtt, Ubidde vu moderate Portioune mat der Méiglechkeet vun engem zweete Passage.
- Bei Buffeten, schrëftlech Informatioun iwwer d’Méiglechkeet vun engem zweete Passage.
- Méiglechkeet, Reschter matzehuelen.
- Opstelle vun engem Behälter fir Bio-Offall.
- Bei Evenementer mat optionalem Iessen, Reservatiounssystem fir d’Iessen.
- Verdeele vun den net verkaafte Wueren un d’Organisateuren, Benevollen oder un d’Personal op der Plaz nom Evenement.
- Ophänke vun Affichen, fir de Public zum Theema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren.
Fir den „Antigaspi“-Logo vum Ministère benotzen ze däerfen, muss den Organisateur op d’mannst siwe vun dëse Moossname respektéieren, woubäi d’Hygiènesvirschrëften obligatoresch anzehale sinn.
Hei kënnt Dir den „Antigaspi“-Logo fir Äert Evenement ufroen.