25/01/2022

Vun Ufank un haten d’Grënnerinne vun der Kooperative on.perfekt – Julia Gregor, Aline Hentz a Fabienne Faber – d’Iddi fir den éischte Buttek zu Lëtzebuerg opzemaachen, an dem Liewensmëttel verkaf ginn, déi net de Normen entspriechen oder no um Mindesthaltbarkeetsdatum sinn. Dësem Plang komme si duerch ee Crowdfunding, den si Mëtt Januar 2022 gestart hunn, lo ee gudde Schrack méi no.

Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung hu si Enn 2020 ugefangen, ee Netzwierk vu Baueren a fräiwëllege Mataarbechter opzebauen. Déi iwwerproduzéiert an aussortéiert Liewensmëttel, déi si bei d’Bauere siche ginn, gi bis ewell op engem Pop-Up-Maart zu House verkaf. „Iwwert de Wanter fënnt dee Maart lo net statt, virun allem well mir nach kee Lager fir d’Geméis hunn an et fir eis am Moment vun de Mataarbechter hier net méiglech ass, dat ze géréieren“, seet d’Julia Gregor. Am Abrëll/Mee soll et rëm mam Maart zu House lassgoen. „Eise Buttek, dee soll awer dat ganzt Joer iwwer op sinn, an och duerchgehend Geméis an der Offer hunn. Wa mir bis ee Lager hunn, da stinn eis ganz aner Méiglechkeeten op, da sinn och aner Kooperatioune mat Produzente méiglech.“

Am Kader vum Crowdfunding sinn der Kooperative on.perfekt schon zwee Geschäftslokaler proposéiert ginn. Wéi stellen si sech hiren zukënftege Buttek vir? „De Verkafsraum muss net immens grouss sinn, mir brauchen awer wéi gesot ee Lager dobäi an idealerweis nach ee Raum, an dem mir kéinte Saache verschaffen. Am léifste géife mer mat eisem Buttek an der Regioun tëschent Maarnech an der Nordstad bleiwen.“

Am Dezember hat d’Kooperative hier Offer ëm onperfekt Chrëschtbeemercher erweidert an och an Zukunft sollen an hirem Buttek net nëmmen aussortéiert Liewensmëttel ze kafe sinn mee och Gebrauchsgéigestänn a Kleeder, déi ee Produktiounsfeeler hunn. Sou wéi Thermosfläschen a Pullover vun der Designerin Mikkele.