25/01/2021

Wësst Dir schonns datt d’Joer 2021 vun de Vereenten Natiounen zum Internationale Joer vun Uebst a Geméis deklaréiert ginn ass?

Uebst a Geméis spillen eng wichteg Roll fir eng ausgeglachen Ernierung an eng gutt Gesondheet. Gläichzäiteg maachen zu Lëtzebuerg Uebst a Geméis (partiell oder ganz) awer 15% vun deene Liewensmëttel aus, déi am Haushalt ewechgehäit ginn.

Dëst Joer, wat also ganz am Zeeche vun Uebst a Geméis steet, soll Ureiz si fir iwwert eng méi nohalteg Consommatioun nozedenken. Amplaz Uebst a Geméis, dat net méi esou gutt ausgesäit, ewech ze geheie kënnen Äppel zum Beispill zu Kompott a Poretten zu Zopp verschafft ginn.

Regionaalt a saisonaalt Uebst a Geméis hale sech och méi laang ewéi exotesch Liewensmëttel, déi ee laangen Transportwee hannert sech hunn. Kuerz Weeër sti fir méi Qualitéit a méi Nohaltegkeet.

Kuckt Iech dofir gären eise Saisonskalenner un.