Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
07/05/2024

De CIGL Suessem (Centre d’Initiative et de Gestion Local Sanem) engagéiert sech säit 3 Joer am Sënn vum Antigaspillage. D’Iessen, wat d’Kanner an der Maison Relais um neie Kannercampus um Belval net iessen, geet de CIGL Suessem no 14 Auer an d’Kiche sichen. D’Iesse gëtt konform zu den Hygiènes-Virschrëften an Inox-Behälter transportéiert a gëtt dono vun engem Salarié vum CIGL an Dëppercher gefëllt. Déi Leit, déi un dësem Projet interesséiert sinn, kënnen dann um 16 Auer hiert Iesse siche goen a mat Heem huelen. Aktuell profitéiere ronn 10 Salariés vum CIGL Suessem vun dëser Initiativ, woubäi maximal 15 Leit kënnen ugeholl ginn. Dëse Service ass gratis fir d’Salariés. D’Quantitéiten un Iesse variéiere jee no Dag a no Menu. „Dës Initiativ ass bei eise Leit super ukomm a net nëmme gutt fir den Antigaspillage, mee et ass och ee flotte soziale Projet“, sou den Dany Scholten, Chargé de Direction vum CIGL Suessem. Fir dëse Projet huet de CIGL Suessem den Antigaspi-Logo vum Landwirtschaftsministère kritt.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.