D’EU vergëtt Subventioune fir Projeten, déi zur Reduzéierung vun de Liewensmëtteloffäll beim Verbraucher bäidroen. Den Opruff fir Projetsvirschléi ranzeschécke riicht sech un all interesséiert Acteuren; den Delai ass de 25. September 2024.
Ziel vum Projetsopruff ass et, Acteure bei hiren Aktioune fir d’Vermeidung a Reduzéierung vu Liewensmëtteloffäll beim Verbraucher ze ënnerstëtzen. Dës ëmfaasse Moossname wéi:
- Interventioune fir d’Verhale vun de Konsumenten ze änneren.
- Bildung an Ausbildung
- Programmer an Instrumenter fir d’Miessung vun de Liewensmëtteloffäll
- Sensibiliséierungskampagnen a Kommunikatiounsmaterial
- Studien, Erhiewunge vun Donnéeën an experimentell Moossname fir eng méi breet Evidenzbasis ze schafen fir Moossnamen zur Reduzéierung vun de Liewensmëtteloffäll beim Verbraucher.
Dës Opfuerderung riicht sech souwuel un eenzel Acteure wéi och u Kooperatiounen oder Partnerschafte vu méi Interessevertrieder aus der ganzer Liewensmëttelversuergungsketten; wichteg Acteure wéi Baueren, Produzenten, Eenzelhändler, Déngschtleeschter am Liewensmëttelberäich souwéi Fuerscher, ONGen an ëffentlech Ariichtunge mat abegraff.
D’Budgete vun de Projeten (maximale Montant vun de Subventiounen) wäerte viraussiichtlech tëschent 100.000 an 300.000 Euro pro ausgewielte Projet leien.
D’Subventiounen aus dem Programm vum Marché Unique gi vun der Europäescher Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Agence exécutive européenne pour la santé et le numérique (HaDEA) geréiert.