Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
25/10/2019

Startschoss vun eiser neier Campagne géint d'Verschwendung vu Liewensmëttel

Hei zu Lëtzebuerg ginn 124 kg Liewensmëttel am Joer op de Kapp verbëtzt.
Dat sinn 124 Grënn eppes ze änneren….

Dat ass deen neie Slogan vun der Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung”, déi de Landwirtschaftsminister Romain Schneider haut de Moie zu Tënten virgestallt a lancéiert huet.

Mat deser neier Campagne wëlle mir d’Leit interpelléieren a symboliséieren datt mir eis Liewensmëttel nees méi musse wäertschätze fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen ….

Mir lancéieren des Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung” och ganz bewosst ëm dës Joreszäit well de Mount Dezember virun der Dier steet wou d ‘Tendenz fir ze verschwenden nach e bësse méi grouss ass ewéi de Rescht vum Joer ….

Campagne – 124 Grënn eppes ze änneren   

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.