Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
27/08/2025

Mat der Aktioun „Gielt Band“ rifft de Landwirtschaftsministère d’Bierger, d’Gemengen, Veräiner an Entreprisen dozou op, sech op eng nohalteg Aart a Weis géint d’Verschwende vu Liewensmëttel anzesetzen. Hutt Dir Uebstbeem am Gaart, oder souguer ee Bongert, an notzt dat Uebst net selwer? Da mellt Iech mat dësem Formulaire fir d’Aktioun un a bestellt Är giel Bännercher.

Fir dat och Besëtzer vun ofgeleeëne Bongerten an Uebstbeem kënnen un der Aktioun „Gielt Band“ deelhuelen, stellt de Landwirtschaftsministère Holzschëlder zur Verfügung op deene steet „Hei dierft Dir plécken!“. Bestelle kann ee sou ee Schëld per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu. Ween dat Schëld wëll un enger ëffentlecher Strooss opstellen, muss fir d’éischt eng entspriechend Demande bei der Stroossebauverwaltung stellen.

Ass ee gielt Band ëm ee Bam gestréckt, heescht dat: Jidderee kann dovu gratis Uebst fir den Eegebedarf plécken an déi Friichten, déi ënnert dem Bam leien, rafen. De Landwirtschaftsministère hofft, datt sech aus dëser Aktioun weider Initiativen erginn, bei deene Leit, déi Uebst gepléckt hunn, et zesumme weiderverschaffen. Deelt dem Ministère Är Aktioun mat per E-Mail un antigaspi@ma.etat.lu.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.