Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
21/03/2022

Ëffentlech Evenementer, bei deenen dem Publikum Iesswueren ugebuede ginn, sinn eng ideal Plaz, fir aktiv géint d’Liewensmëttelverschwendung virzegoen. Aus deem Grond huet de Ministère fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung eng „Antigaspi“-Charta fir Fester ausgeschafft an där déi folgend Moossname virgeschloe ginn:

  • Déi eenzel Komponenten an engem méiglechst onverschafften Zoustand loossen („just in time“-Zoubereedung).
  • Ubidde vu Platen a klengen a grousse Portiounen. De Begrëff „Kannerportioun“ däerf net fir déi kleng Portioune benotzt ginn.
  • Wann e komplette Menü zerwéiert gëtt, Ubidde vu mindestens enger Menüversioun ouni Dessert, oder esouguer vun all Plat eenzel.
  • Wann d’Iessen um Teller zerwéiert gëtt, Ubidde vu moderate Portioune mat der Méiglechkeet vun engem zweete Passage.
  • Bei Buffeten, schrëftlech Informatioun iwwer d’Méiglechkeet vun engem zweete Passage.
  • Méiglechkeet, Reschter matzehuelen.
  • Opstelle vun engem Behälter fir Bio-Offall.
  • Bei Evenementer mat optionalem Iessen, Reservatiounssystem fir d’Iessen.
  • Verdeele vun den net verkaafte Wueren un d’Organisateuren, Benevollen oder un d’Personal op der Plaz nom Evenement.
  • Ophänke vun Affichen, fir de Public zum Theema Liewensmëttelverschwendung ze sensibiliséieren.

Fir den „Antigaspi“-Logo vum Ministère benotzen ze däerfen, muss den Organisateur op d’mannst siwe vun dëse Moossname respektéieren, woubäi d’Hygiènesvirschrëften obligatoresch anzehale sinn.

Hei kënnt Dir den „Antigaspi“-Logo fir Äert Evenement ufroen.

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.