18/11/2025
Wat kann ech maachen, fir a mengem Haushalt manner Liewensmëttel ze verbëtzen? Dës Fro gëtt an dësen 8 Videoclips, déi de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau fir seng Antigaspi-Campagne réaliséiere gelooss huet, kuurz a mat Witz beäntwert. Kuckt Iech eis 8 gëlle Reegelen géint d’Verschwende vu Liewensmëttel hei un a sidd och Dir antigaspi!