Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg
24/10/2019

Antigaspi Frigo ass zu Tënten vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider ageweit ginn

Am Kader vun der neier Sensibiliséierungscampagne “124 Grënn fir eppes ze änneren”, huet de Minister och den Antigaspi Frigo ageweit, deen vun der Jugendherberg vun Huelmes an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Helperknapp op d’Been gestallt gouf.

 

An dësem Self-Service Frigo stellt de Restaurant vun der Jugendherberg vun Huelmes gutt a genéissbar Iessplaten, déi ze vill gekacht goufen fir wéineg Geld zur Verfügung, a jidderee kann sech zerwéieren. Esou kréien dës Platen eng zweet Chance an et gëtt näischt verbëtzt.

De Romain Schneider huet vun enger luewenswäerter Initiativ geschwat, an hofft, datt den Antigaspi-Frigo nach op villen anere Plaze kopéiert gëtt.

D‘Asbl Auberges de jeunesse luxembourgeoises huet dann och eng “Antigaspi Charte” fir all d’Jugendherbergen am Land ënnerschriwwen.

D’Regierung huet sech am Kader vum nationalen Offallplang (PNDGR) als Zil gesat fir d’Liewensmëttelverschwendung bis 2030 ëm d’Hallschent ze reduzéieren.

Initiative – Antigaspi Frigo vun Tënten

Offizielle Communiqué

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.