Am Kader vum internationalen Dag géint d’Liewensmëttelverschwendung organiséiert de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau eng Konferenz zum Thema „Manner Liewensmëttel verbëtzen“, den 23. September um 18 Auer am Forum Geesseknäppchen.
De Wëssenschaftsjournalist an Auteur Ranga Yogeshwar hält als Aleedung zum Thema ee Virtrag mam Titel „Emil’s Welt – eine Gesellschaft im Wandel“. Dora stellt hien sech d’Fro, a wéi enger Welt säin Enkel Emil liewe wäert. Méi Nohaltegkeet, dat ass d’Viraussetzung, fir datt och eis Nokomme gutt op dëser Äerd liewe kënnen. Dozou gehéiert d’Reduzéiere vun der Liewensmëttelverschwendung.
Uschléissend diskutéieren Experten aus Produktioun, Veraarbechtung an Distributioun vu Liewensmëttel souwéi ee Vertrieder vun de Konsumenten iwwert d’Fro: „Wat gëtt – vum Feld bis op den Teller – ënnerholl, fir d’Verschwende vu Liewensmëttel ze reduzéieren? Wou ass Potenzial fir Verbesserung?“
Un der Table Ronde huelen Deel:
- Martine Hansen, Ministesch fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau
- Ranga Yogeshwar, Wëssenschaftsjournalist an Auteur
- Christian Hahn, Präsident vun der Landwirtschaftskammer (Produktioun)
- Jean-Marie Neuberg, vun der Boulangerie Jos & Jean-Marie (Veraarbechtung)
- Véronique Schmitt, Directrice Marketing a Communication vum Grupp Cactus (Distributioun)
- Paul Gries, Präsident vun der Union Luxembourgeoise des Consommateurs (ULC) (Konsumenten)
Moderatioun: Pit Everling (RTL)