20/04/2026
Am Kader vun der Grousser Botz huet d’Gemeng Mamer een Info-Stand zum Thema Liewensmëttelverschwendung organiséiert. Op dësem Stand gouf Informatiouns- a Sensibiliséierungsmaterial vum Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau ausgedeelt:
- d’Brochure „8 gëlle Reegele fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen“,
- de Saisonskalenner,
- Sticker déi weisen, wéi een de Frigo richteg araumt,
- an Informatiounen iwwert d’Aktioun Gielt Band.
Dëst wor eng flott Geleeënheet, fir d’Veräiner an d’Awunner aus der Gemeng – déi sech un der Grousser Botz bedeelegt hunn – och fir eng aner Zort Offall, a wéi een e vermeide kann, ze sensibiliséieren.
Wann Dir un dësem Info-Material fir Ären Event interesséiert sidd, da maacht eis eng E-Mail op antigaspi@ma.etat.lu.