Fir d’Personal an d’Kanner vun de Maisons Relais an e Plang géint d’Iessensverschwendung anzebannen, huet de Ministère fir Landwirtschaft, Ernärung a Wäibau eng speziell Formatioun entwéckelt, an Zesummenaarbecht mat Signa, dem Déngschtleeschtungsanbieter fir Fachleit am Lëtzebuerger Liewensmëttelsecteur. Dës Ausbildung gëtt vun der Sozialorganisatioun Elisabeth organiséiert.
D’Zil vun dëser Formatioun ass et, d’Maisons Relais mat einfachen, prakteschen a passenden Instrumenter auszestatten, fir d’Liewensmëttelverschwendung effektiv ze reduzéieren. Jiddereen huet eng Roll ze spillen: vum Personal an der Kiche bis zu deem an der Salle-à-manger; dozou gëtt och d’Bewosstsi bei de Kanner gestäerkt. Eng detailléiert Beschreiwung vun dëser Ausbildung an d’Datumer vun de Sessioune fannt Dir hei.
De Video erkläert den Antigaspi-Pilotprojet am Kannerhaus Wooltz, deen zum Zil hat, de Kanner de Wäert vum Iessen ze weisen an si dozou ze motivéieren, manner Iessen ewechzewerfen.