Nei Campagne - 124 Grënn eppes ze änneren

25/10/2019

Startschoss vun eiser neier Campagne géint d'Verschwendung vu Liewensmëttel

Hei zu Lëtzebuerg ginn 124 kg Liewensmëttel am Joer op de Kapp verbëtzt.
Dat sinn 124 Grënn eppes ze änneren....

Dat ass deen neie Slogan vun der Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung”, déi de Landwirtschaftsminister Romain Schneider haut de Moie zu Tënten virgestallt a lancéiert huet.

Mat deser neier Campagne wëlle mir d’Leit interpelléieren a symboliséieren datt mir eis Liewensmëttel nees méi musse wäertschätze fir se an Zukunft net méi esou ze verbëtzen ....

Mir lancéieren des Campagne “Zesumme géint d’Liewensmëttelverschwendung” och ganz bewosst ëm dës Joreszäit well de Mount Dezember virun der Dier steet wou d ‘Tendenz fir ze verschwenden nach e bësse méi grouss ass ewéi de Rescht vum Joer ....

Campagne - 124 Grënn eppes ze änneren   
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram