Eat it, Don’t Waste It

29/10/2017

45% vu produzéiertem Uebst a Geméis ginn ewechgehäit

Deeglech ginn Tonne Liewensmëttel ewechgehäit um Wee vum Produzent op den Teller. Uebst a Geméis sinn am schlëmmste betraff, wou no Schätzunge vun der FAO 45 % vun der Produktioun verluer ginn, ënner Anerem well se d’Qualitéitsstandarde fir de Verkaf net erfëllen.
D’Initiativ « Iss Mich », gegrënnt an Éisträich vum Tobias Judmaier nom Succès vun senger bekannter Food-Waste Kachshow, ass ee risege Schrëtt géint d’deeglech Verschwendung vun dësen « Ugly Fruit & Vegetables » (oder « ellent Uebst a Geméis »).
Ënner dem Slogan « Eat it, don’t Waste it » preparéiert a verkeeft dës Organisatioun vegetaresch Platen an nofëllbaren Glieser, a benotzt dobäi exklusiv « ellent » Uebst a Geméis wat normalerweis an der Poubelle gelant wier.

Pro verkaafter Portioun ginn 300 g Uebst a Geméis, souwéi 50 g Plastik gespuert.

Ee Win-Win fir Mënsch a Natur!
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram