Aweiung vum Antigaspi Frigo zu Tënten

25/10/2019

Antigaspi Frigo ass zu Tënten vum Landwirtschaftsminister Romain Schneider ageweit ginn

Am Kader vun der neier Sensibiliséierungscampagne "124 Grënn fir eppes ze änneren", huet de Minister och den Antigaspi Frigo ageweit, deen vun der Jugendherberg vun Huelmes an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Helperknapp op d’Been gestallt gouf.
Aweiung Antigaspi Frigo Tënten
An dësem Self-Service Frigo stellt de Restaurant vun der Jugendherberg vun Huelmes gutt a genéissbar Iessplaten, déi ze vill gekacht goufen fir wéineg Geld zur Verfügung, a jidderee kann sech zerwéieren. Esou kréien dës Platen eng zweet Chance an et gëtt näischt verbëtzt.

De Romain Schneider huet vun enger luewenswäerter Initiativ geschwat, an hofft, datt den Antigaspi-Frigo nach op villen anere Plaze kopéiert gëtt. 

D‘Asbl Auberges de jeunesse luxembourgeoises huet dann och eng “Antigaspi Charte” fir all d’Jugendherbergen am Land ënnerschriwwen.

D’Regierung huet sech am Kader vum nationalen Offallplang (PNDGR) als Zil gesat fir d’Liewensmëttelverschwendung bis 2030 ëm d’Hallschent ze reduzéieren.

Initiative - Antigaspi Frigo vun Tënten

Offizielle Communiqué
linkedin facebook pinterest youtube rss twitter instagram facebook-blank rss-blank linkedin-blank pinterest youtube twitter instagram