26/03/2020

Wat fir Toilettëpabeier gëllt, gëllt och fir Liewensmëttel

« Mir hu genuch z’iessen am Land! Hei zu Lëtzebuerg hu mir eng ganz gutt Produktioun. Eleng an de Beräicher vun der Mëllechproduktioun, vum Fleesch, vum Geméis, resp. bei den Äer a bei de Kären si mir ganz gutt opgestallt. Et ass och esou, datt mir selbstverständlech nach ëmmer Liewensmëttel aus dem Ausland geliwwert kréien, sou datt de Moment d’Palett vun de Liewensmëttel zu Lëtzebuerg do ass.

Ech maachen awer den Appell, datt ee grad an dësen Zäiten domadder soll respektvoll ëmgoen, just déi Liewensmëttel soll akafen déi ee brauch, an net ze iwwerdreiwen, net datt een d’Hallschent vun de Liewensmëttel muss wechgeheien. Déi géifen herno an der Liewensmëttelketten deene Leit, di se brauchen, feelen. » (Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a regional Entwécklung, 25.3.2020)

An Zäite vum Coronavirus ginn aus Angscht virun enger laanger Quarantän an engem Manktem un Liewensmëttel ëmmer méi Hamsterkeef getätegt. Dës Angscht ass awer onberechtegt : de Premier an de Landwirtschaftsminister hu kloer gestallt datt et am Liewensmëttelberäich zu kenger Penurie wäert kommen.

Trotzdeem gesäit een op där enger Säit eidel Rayonen an de Supermarchéen esou datt een normalen Akaf deels net méiglech ass an op där aner Säit gi Liewensmëttel masseweis doheem stockéiert. Dës Liewensmëttel kënnen am Endeffekt net all giess ginn a wäerte leider zum groussen Deel an der Poubelle landen. Hamsterkeef droen also net nëmmen dozou bäi datt een Däiwelskrees entsteet, mee sinn och eng Geld- a Liewensmëttelverschwendung.
Verantwortungsbewossten Ëmgang & richteg LagerungNatierlech ass et ëmmer sënnvoll ee klenge Stock u Grondnahrungsmëttel (Nuddelen, Räis, Mëllech,…) doheem ze hunn, mee et soll een dobäi awer net iwwerdreiwen.

September 2050: Beim Spillen um Späicher entdeckt dat klengt Lea honnerte Päck vu verstëbsten a vu Mais ugeknabberten Nuddelen. Nuddelen, déi seng Grousselteren 2020, wéi se vum Hamster-Virus infizéiert waren, kaf hunn.

Fir datt dës fiktiv Geschicht net wouer gëtt, fannt dir hei an op onser Antigaspi Internetsäit Informatiounen zu folgende Gëlle Regelen :

  • Intelligent plangen an akafen

Am Sënn vu “Bleif doheem” ass elo deen idealen Zäitpunkt fir sech ee wöchentlechen Iessplang ze erstellen. Iwwerpréift wat fir eng Liewensmëttel dir nach hutt a maacht iech eng Akafslëscht vun deene Saachen, déi iech feelen. Esou sidd der sécher, datt dir beim Akafen un alles denkt a keng Saache kaaft, déi der am Endeffekt guer net braucht. En plus, evitéiert dir duerch ee geplangten Akaf fir eenzel Saachen zréck an de Supermarché mussen ze goen. Esou reduzéiert dir net nëmmen ären eegenen Infektiounsrisiko mee och deen vum Supermarché-Personal.

Komm mir si solidaresch andeems mir Gedold, Verständnis a Respekt virun deenen aneren hunn, och wann et heiansdo mol méi laang am Supermarché dauert. Zesummen si mir méi staark.

  • Oflaf-Indikatiounen richteg interpretéieren

Nom Oflaf vum Verbrauchsdatum (“Verbrauchen bis… “ oder “à consommer jusqu’au…”) kann e Liewensmëttel eng onmëttelbar Gefor fir d’Gesondheet duerstellen an ass als ongenéissbar unzegesinn.
Den Mindesthalbarkeetsdatum (“Mindestens haltbar bis…” oder “à consommer de préférence avant…”) ass eng Informatioun vum Hiersteller datt de Produit bis zu deem Datum keng oder wéineg Geschmaach- a Qualitéitsverloschter huet. D’Liewensmëttel sinn awer net zwéngend ongenéissbar nom Oflaf vun dësem Datum.
WICHTEG: Liewensmëttel op deenen sech Schimmel gebilt huet, sinn ëmmer GANZ ze entsuergen. Eng Ausnam gëllt bei Produite bei deene Schimmelpilzkulturen an der Produktioun bewosst agesat ginn (z.B. Camembert).

  • Richteg Lagerung & logesch Zortéierung

Haalt äre Frigo, är Spënnchen an är Schief ëmmer propper a fräi vu Grimmelen an anere Liewensmëttelreschter fir datt Schädlingen sech net vermehren an op d’Liewensmëttel iwwergräifen. Sortéiert är Liewensmëttel esou datt déi méi laang haltbar hanne stinn, an déi, déi fir d’éischt consomméiert solle ginn, vir stinn. Äre Frigo huet verschidden Temperaturberäicher an deementspriechend sollen d’Liewensmëttel och ageraumt ginn. Weider Informatiounen heizou fannt dir an onser Antigaspi Broschür.
Am Sënn vu “Bleif doheem” kënnt dir d’Zäit doheem notze fir iech iwwer déi verschidde Konservéierungsmethoden weider ze informéieren oder är Botz- a Raumaktioun ze starten.

  • Konservéierung

Duerch einfach Konservéierungsmethoden ewéi z.B. Fermentéieren, Hierstelle vu Pasten, Kompott & Gebeess an Dréchnen kann een d’Haltbarkeet vu Liewensmëttel signifikativ erhéijen.

Vum Hamster zum Gäertner ginn

Dir kënnt d’Zäit doheem och notze fir iech Gedanken iwwer ee klenge Geméisgaart oder een Hochbeet um Balcon maachen. Esou kënnt dir am Fall vun enger nächster Kris gemittlech an äre Gaart oder op äre Balcon är Tomate plécke goe wärenddeem d’Hamsteren den Supermarché eidel raumen…
Oder wéi wier et fir no der Corona-Isolatioun ee Gemeinschaftsgaart an ärer Gemeng ze grënnen? An Zäite wéi elo mierkt ee wéi wichteg sozial Kontakter sinn an zesummen si mir ëmmer méi staark.
Hei e puer Linke fir iech weider ze informéieren :

Der Liewensmëttelverschwendung keng Chance ginn

Duerch Anhale vun den uewegenannte Recommandatioune ka jiddereen säin Deel am Kampf géint Liewensmëttelverschwendung a fir eng solidaresch Gesellschaft bäidroen. An deem Sënn bleift just nach Folgendes ze widderhuelen :

Sief keen Hamster – sief ee verantwortungsbewosste Konsument

 

Den Hamsterkeefer

  • geet ouni Plang akafen,
  • raumt de Supermarché eidel,
  • denkt just un sech.
De verantwortungsbewosste Konsument

  • schreift eng Akafslëscht,
  • keeft nëmmen dat wat en wierklech brauch,
  • keeft regional an ënnerstëtzt eis Baueren,
  • ass solidaresch an hëlt Récksiicht.

Affiche an 4 Sproochen (LU / DE / FR / EN) disponibel.