Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Wéi lagert ee Mëllechproduiten am beschten?

Mëllech a Mëllechprodukter solle kill an däischter gelagert ginn, d. h. gekillte Produite wéi Frëschmëllech, Jughurt, Stoffi, Bottermëllech oder frësch Ram soll een nom Akafen direkt an de Frigo stellen. UHT-Mëllech muss an de Frigo gestallt ginn, soubal se op ass. Un d’Mëllech soll keng Luucht kommen, well den Afloss vun der Luucht de Goût vun der Mëllech verännert. Wann ee Mëllech an enger gliese Fläsch huet, da soll déi ëmmer aus däischterem Glas sinn. Mëllechproduiten huele séier de Geroch vun anere Liewensmëttel un, dofir soll hier Verpakung ëmmer gutt zou sinn.

Ugesaiert Mëllechprodukter wéi Jughurt, Bottermëllech oder Kefir kënnen och e puer Deeg nom Oflaf vum Mindesthaltbarkeetsdatum nach gutt sinn, wa se kill gelagert waren, net schimmeleg an och am Goût net verännert sinn. Hei gëllt: kucken, richen a schmaachen!

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.