Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Wéi halen sech Eeër am beschten?

Am beschten ass et, wann een d’Eeër an d’Dier vum Frigo stellt. Fir rauszefannen, op ee réit Ee nach fir z’Iessen ass, leet een et an ee Glas mat kalem Waasser. Wann d’Ee ganz ënnergeet an um Buedem vum Glas leie bleift, kann een et nach iessen. Awer am beschten net réi, mee ganz duercherhëtzt, z. B. gekacht. Wann et un der Uewerfläch schwëmmt, ass et net méi gutt a soll direkt ewechgeheit ginn. Mat der Zäit verdréchent dat Bannescht vun engem Ee a wat et méi al ass, wat d’Loftblos am Ee ënnert der Schuel méi grouss gëtt.

Generell hält sech een Ee op mannst 28 Deeg nodeems et geluecht gouf. Mee och nom Oflaf vum Mindesthaltbarkeetsdatum kënnen Eeër nach verschafft ginn, wa se gutt duercherhëtzt ginn. Am beschte schléit een an deem Fall d’Ee an eng Taass a préift wéi et richt an ausgesäit.

Haart gekachten Eeër halen sech méi laang, wa se nom Kachen net kal ofgeschreckt ginn (dat dréit souwisou net dozou bäi, datt een se besser schiele kann). Duerch den Temperaturënnerscheed kënne kléng Rëss an d’Schuel kommen, duerch déi Bakterie kënnen an d’Eeër kommen.

Wann ee réi Eeër verschafft, an enger Mousse oder Mayonnaise z. B., da soll een nëmme ganz frësch Eeër huelen. Bei Desserten a Platen mat réien Eeër däerf d’Killketten net ënnerbrach ginn a Reschter héchstens een Dag am Frigo gehal ginn.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.