Skip to content
Le Gouvernement du Grand-Duché du Luxembourg

Wéi halen sech Drëcheproduiten am beschten?

Miel, Räis a Nuddele gehéieren zu deene Liewensmëttel, déi och iwwert de Mindesthaltbarkeitsdatum (MHD) eraus nach kënne giess ginn. Am beschte léisst een déi Produiten an der Originalverpakung oder mécht se a Glieser oder Dousen, gelagert sollen se ginn tëschent 15 an 20 °C. Se däerfe net direkt an der Sonn stoen an och net bei ze héijer Loftfiichtegkeet. Wa se also dréchen, kill an däischter gelagert sinn, dann hale se sech e puer Méint iwwert den MHD eraus. Räis a Nuddelen (mat Ausnam vu Vollkarnuddelen) souguer e puer Joer méi laang.

Huewer, Quinoa a Mill (Hirse) hale sech dogéint net sou laang, si enthale méi Fetter a kënne séier ranzeg ginn.

Fir ze kucken ob d’Kären nach gutt si soll een de Geroch, d’Ausgesinn an d’Konsistenz préiwen, an ob keng Schädlingen dra sinn. Soubal d’Käre muffeg oder ranzeg richen, sollen se net méi giess ginn.

Gedréchent Hülsenfrüchte wéi Lënsen, Ierbessen a Bounen hale sech am längste wann een se kill, dréchen an am Däischtere lagert. Da kann een se och nach iwwert de Mindesthaltbarkeitsdatum ewech verschaffen.

Liewensmëttel

Wäertvoll Tipps fir d’Lageren a Versuerge vu Liewensmëttel

8 gëlle Reegelen

8 gëlle Reegelen fir manner Liewensmëttel ze verbëtzen

Rezepter

Rezeptiddie fir Reschter kreativ ze verwäerten

Antigaspi
Privacy Overview

Mir notze Cookië fir Iech dat beschtméiglecht User-Erliefnes ze garantéieren. Well mir Äert Recht op Privatsphär respektéieren, kënnt Dir Iech dofir entscheeden, bestëmmten Zorte vu Cookien net zouzeloossen. D’Blockéiere vun dëse Cookië kann allerdéngs Är Notzungsméiglechkeete vun eiser Websäit a vun deene vun eis ugebuedenen Déngschtleeschtunge beanträchtegen.